
Nous vivons des temps extraordinaires. La pandémie, la guerre en Ukraine, l’inflation, le climat – ce sont des crises nombreuses auxquelles notre pays est confronté.
De ce fait le gouvernement dirigé par Xavier Bettel a adopté des mesures extraordinaires afin d’accompagner au mieux les citoyens pendant l’hiver.
C’est dans des périodes de crise comme celle-ci que cela compte vraiment. C’est là qu’il faut prendre ses responsabilités. Responsabilité pour le bien-être du pays et des citoyens. C’est dans des moments de crise comme celui-ci que nous devons rester unis.
Xavier Bettel,
Premier ministre
Nous investissons dans le futur d’un pays où il fait encore mieux vivre dans le futur qu’il est déjà le cas aujourd’hui.
Avec les pactes de solidarité [plus…] et 2 (Solidaritéitspäck 1 an 2) nous avons posé la première pierre afin de maîtriser la crise actuelle.
Les priorités du gouvernement sont au nombre de trois : combattre l’inflation, maintenir le pouvoir d’achat et assurer l’emploi.
Le gouvernement œuvre constamment afin de sauvegarder notre prospérité de manière durable. En même temps nous œuvrons pour une qualité de vie élevée et n’oublions pas les plus démunis de notre société : Au total, 47% des dépenses du budget de l’État sont consacrées à des mesures sociales.
Nous jouons également un rôle de pionnier dans la lutte contre le changement climatique. En ce qui concerne la transition énergétique, nous passons à la vitesse supérieure pour notre climat et pour notre souveraineté énergétique.
Sur ce site, vous trouverez tous les détails sur les différentes mesures issues de la tripartite, du budget ainsi que des réponses à bon nombre de vos questions.

+84€/Mount
Beispill: Eng Persoun (2313,37€, onqualifizéierte Mindestloun, Steierklass 1) huet de Mount 41,76€ méi Kafkraaft, wéi wann den Index am August géif falen.

+81,87€/Mount
Beispill: Eng monoparental Famill (4200€ brutto, Steierklass 1A) huet de Mount 29,16€ méi Kafkraaft, wéi wann den Index am August géif falen.
Mesures issues du paquet de solidarité 2.0
Please wait while flipbook is loading. For more related info, FAQs and issues please refer to DearFlip WordPress Flipbook Plugin Help documentation.
Please wait while flipbook is loading. For more related info, FAQs and issues please refer to DearFlip WordPress Flipbook Plugin Help documentation.
Please wait while flipbook is loading. For more related info, FAQs and issues please refer to DearFlip WordPress Flipbook Plugin Help documentation.
Please wait while flipbook is loading. For more related info, FAQs and issues please refer to DearFlip WordPress Flipbook Plugin Help documentation.

FAQ Solidaritéitspak 2.0
D’Tripartite ass en Instrument, dat sech scho méi wéi eng Kéier an anere Krise bewisen huet. D’Tripartite ass dofir Deel vum Lëtzebuerger Erfollegsmodell.
Wann eng Indextranche fälleg gëtt, da klammen d'Salairen an déi indexéiert Sozialleeschtungen automatesch ëm 2,5%. Eng Indextranche ass fälleg, wann d’Präisser aus dem Wuerekuerf ëm 2,5% geklomme sinn. Et ass de Garant, datt d’Leit net u Kafkraaft verléieren, wann d’Inflatioun ze staark ass.
D’Indextranche vum Abrëll 2022 ass normal ausbezuelt ginn.
Wéinst den Energiepräisser riskéiert Lëtzebuerg awer eng weider Indextranche am 3. Trimester 2022. Dat géif bedeiten, datt d’Salairen an d’Pensioune géingen dräi Mol bannent 12 Méint klammen. Dobäi kënnt, datt d’Liwwerenkpäss an déi héich Energiepräisser et der Wirtschaft – déi nach ëmmer un de Folge vun der Covid-Pandemie leit – schwéier géinge maachen, fir déi Méikäschten ze stemmen. Verschidde Betriber kéinten dat net méi packen.
Fir de Betriber méi Sputt ze ginn, ass een sech dofir an der Tripartite eens ginn, fir just eng Indextranche d’Joer auszebezuelen. D'Indextranche ginn awer net annuléiert, mä just reportéiert. An der Tëschenzäit triede Kompensatiounsmesurë fir d'Leit a Kraaft.
Wann déi nächsten Indextranche virum 1. Abrëll 2023 ufällt, da gëtt se just no hanne verréckelt an eréischt am Abrëll 2023 ausbezuelt. Esou ass garantéiert, datt d’Entreprisen net mussen 3 Indextranchen a kuerzer Zäit ausbezuelen. D’Regierung huet awer decidéiert, fir de Kafkraaftverloscht fir déi Period ze kompenséieren, tëschent där den Index normalerweis géif ufalen an dem Abrëll 2023. Dat geschitt ë.a. iwwer e sozial gestaffelte Steierkreditt, deen de Kafkraaftverloscht esouguer fir vill Leit iwwerkompenséiert.
Stéit mat klengem a mëttlerem Akommes, kréien hire Kafkraaftverloscht iwwerkompenséiert.
Och d’Studente leiden ënnert den héijen Energiepräisser. Dofir ginn och d’Studiebäihëllefen erhéicht.
Déi Leit, déi de REVIS kréien, wäerten en equivalente crédit impôt vu 84 Euro de Mount kréien, fir hire Kafkraaftverloscht ze kompenséieren.
Zanter dem 13. Abrëll sinn den Diesel an de Bensinn op der Tankstell 7,5 Cent méi bëlleg.
Och den Diesel, dee kommerziell oder industriell genotzt gëtt, wäert ëm 7,5 Cent méi bëlleg ginn. Mä do muss d'Chamber nach de Gesetzprojet stëmmen. Dat selwecht gëllt fir den Heizungs-Masutt.
Dës Moossnam gëllt bis Enn Juli, fir den Heizungsmasutt esouguer bis d'Enn vum Joer.
- tëschent 936 a 44.000 Euro, kréien e Steierkredit vu 84 Euro de Mount.
- tëschent 44.001 an 68.000 Euro, kréien e Steierkredit vun op mannst 76 Euro de Mount.
- tëschent 68.000 an 100.000 Euro profitéiere vun engem Steierkredit, deen degressiv erofgeet a bei 0 Euro ab engem Joresakommes vun iwwer 100.000 Euro läit.
Donieft gouf decidéiert, datt d'Netzkäschte fir Haushalter, déi mat Gas hëtzen op 0€ gesat ginn. Doduerch wäert en Duerchschnëttshaushalt bis zu 500 Euro aspuere kënnen.
Wat de Präis vum Elektreschen ugeet, gouf festgehalen, datt dee Präis stabiliséiert oder esouguer erofgesat gëtt, andeems de Staat seng Kontributioun zum mécanisme de compensation renouvelable/cogénération wäert däitlech erhéijen.
Um Energiedësch goufen am ganze 75 Milliounen Euro deblockéiert, fir d'Stéit z'entlaaschten.
Donieft gëtt d’Subvention de loyer adaptéiert, fir datt méi Leit dovunner kënne profitéieren. D’Subventioune ginn och erhéicht an de Maximum fir Famillje mat ville Kanner gëtt och no uewen ugepasst.
Fir datt méi Leit vun der PRIMe House profitéiere kënnen, gëtt dëse Regimm och adaptéiert. Fir Leit mat engem klengen Akommes, iwwerhëlt de Staat d’Rechnung fir hir Renovatioun, esou datt d’Suen net méi musse virgestreckt ginn. Donieft gëtt en top-up social bei der PRIMe House agefouert, esou datt méi Leit dovunner profitéiere kënnen an de Maximum vun der Primm gëtt och erhéicht.
- Régime d’aides sous forme de garantie: Esou kënne Betriber mat Liquiditéitsproblemer méi einfach e Bankkredit kréien. De Staat iwwerhëlt eng Garantie vu bis zu 90% vum Prêt. 500 Millioune sti fir dës Hëllef zur Verfügung.
- Régime d’aide visant à compenser une partie des surcoûts liés à la hausse des prix de l’électricité et du gaz: Dës Hëllef soll deene Betriber hëllefen, déi vill Energie brauche fir ze produzéieren an deenen hir Käschte wéinst den Energiepräisser enorm gestige sinn.
- Régime d’aides visant à compenser une partie des surcoûts liés à la hausse des prix de l’énergie, des engrais et des intrants: Dës Hëllef vun héchstens 30.000 Euro pro Betrib hëlleft de landwirtschaftleche Betriber, déi och staark vun der Kris betraff sinn.
- Régime d’aide visant à compenser les surcoûts liés au système d’échange de quotas d’émission de gaz à effet de serre (ETS) pour la période 2021-2030: Dës Hëllef iwwerhëlt en Deel vun de Käschte vun de Betriber, déi mam ETS-System schaffen. Als Géigeleeschtung mussen dës Betriber awer Engagementer maachen, fir an d’Energietransitioun z’investéieren.
- Donieft kréien d’PMEe gehollef fir méi energieeffizient a klimaneutral ze schaffen. Dofir gëtt e Pacte climat pour les entreprises an en neien Hëllefsprogramm Fit4Sustainibility geschaf.