Mir liewen an aussergewéinlechen Zäiten. D’Pandemie, de Krich an der Ukrain, Inflatioun, Klima – et si vill Krisen, mat deenen eist Land muss ëmgoen.

Dofir huet eis Regierung rondrëm de Premier Xavier Bettel aussergewéinlech Moossname geholl, fir d‘Bierger gutt duerch dësen aussergewéinleche Wanter ze bréngen.

Et ass a Krisenzäite wéi dësen, wou et wierklech drop ukënnt. Wou et heescht Verantwortung ze iwwerhuelen. Verantwortung fir d’Wuel vum Land a fir d’Wuel vun de Bierger. Et ass a Krisenzäite wéi dësen, wou mir zesummenhale mussen.

Mir investéieren an eng Zukunft vun engem Land, an deem et sech nach besser liewe léisst, wéi dat haut schonn de Fall ass.

Mat de Solidaritiéitspäck 1 [méi…] an 2 hu mir de Grondstee geluecht, fir och déi aktuell Kris gutt ze iwwerstoen.

D’Regierung huet sech dobäi dräi grouss Prioritéite gesat: d’Inflatioun bekämpfen, d’Kafkraaft  erhalen an Aarbechtsplaze sécheren.

D’Regierung schafft permanent dorunner, eise Wuelstand laangfristeg ofzesécheren. Gläichzäiteg hale mir awer och d’Liewensqualitéit héich a vergiessen net déi schwächst an eiser Gesellschaft: Ganzer 47% vun den Depensen am Staatsbudget fléissen a sozial Mesuren.

Och am Kampf géint de Klimawandel iwwerhuele mir weider eng Virreiderroll. Mir schalte bei der Energie-Transitioun an den nächste Gang fir eist Klima a fir eis Energiesouveränitéit.

Op dëser Säit fannt dir all Detailer zu den eenzele Mesuren aus der Tripartite, dem Budget an Äntwerten op vill verschidde Froen.

Neie Steierkredit "Energie":
Fir de Kafkraaftverloscht vun de Salariéen, Pensionären an Independanten ze kompenséieren, gëtt en neien Steierkredit "Energie" agefouert.
persoun

+84€/Mount

Beispill: Eng Persoun (2313,37€, onqualifizéierte Mindestloun, Steierklass 1) huet de Mount 41,76€ méi Kafkraaft, wéi wann den Index am August géif falen.

monoparental

+81,87€/Mount

Beispill: Eng monoparental Famill (4200€ brutto, Steierklass 1A) huet de Mount 29,16€ méi Kafkraaft, wéi wann den Index am August géif falen.

Mesuren aus dem Solidaritéitspak 2.0

FAQ Solidaritéitspak 2.0

Firwat huet de Premier eng Tripartite aberuff?
D'Konsequenze vum Krich an der Ukrainsinn och zu Lëtzebuerg ze spieren. Déi allgemeng Präisdeierecht, a besonnesch déi héich Energiepräisser, belaaschte vill Stéit a Betriber. De Premier Xavier Bettel huet eng Tripartite aberuff, fir zesumme mat de Sozialpartner – also de Gewerkschaften an dem Patronat – déi aktuell Situatioun z'analyséieren a Léisungen ze fannen, fir de Bierger an de Betriber duerch d’Kris ze hëllefen.

D’Tripartite ass en Instrument, dat sech scho méi wéi eng Kéier an anere Krise bewisen huet. D’Tripartite ass dofir Deel vum Lëtzebuerger Erfollegsmodell.
Wat ass den Index?
Den Index ass eng Kompensatioun vum Kafkraaftverloscht. Den Index ass d’Garantie vum soziale Fridden hei zu Lëtzebuerg.

Wann eng Indextranche fälleg gëtt, da klammen d'Salairen an déi indexéiert Sozialleeschtungen automatesch ëm 2,5%. Eng Indextranche ass fälleg, wann d’Präisser aus dem Wuerekuerf ëm 2,5% geklomme sinn. Et ass de Garant, datt d’Leit net u Kafkraaft verléieren, wann d’Inflatioun ze staark ass.
Ass den Index ofgeschaaft ginn?
Neen.

D’Indextranche vum Abrëll 2022 ass normal ausbezuelt ginn.

Wéinst den Energiepräisser riskéiert Lëtzebuerg awer eng weider Indextranche am 3. Trimester 2022. Dat géif bedeiten, datt d’Salairen an d’Pensioune géingen dräi Mol bannent 12 Méint klammen. Dobäi kënnt, datt d’Liwwerenkpäss an déi héich Energiepräisser et der Wirtschaft – déi nach ëmmer un de Folge vun der Covid-Pandemie leit – schwéier géinge maachen, fir déi Méikäschten ze stemmen. Verschidde Betriber kéinten dat net méi packen.

Fir de Betriber méi Sputt ze ginn, ass een sech dofir an der Tripartite eens ginn, fir just eng Indextranche d’Joer auszebezuelen. D'Indextranche ginn awer net annuléiert, mä just reportéiert. An der Tëschenzäit triede Kompensatiounsmesurë fir d'Leit a Kraaft.
Kréien d'Leit eng Indextranche ewechgeholl?
Neen!

Wann déi nächsten Indextranche virum 1. Abrëll 2023 ufällt, da gëtt se just no hanne verréckelt an eréischt am Abrëll 2023 ausbezuelt. Esou ass garantéiert, datt d’Entreprisen net mussen 3 Indextranchen a kuerzer Zäit ausbezuelen. D’Regierung huet awer decidéiert, fir de Kafkraaftverloscht fir déi Period ze kompenséieren, tëschent där den Index normalerweis géif ufalen an dem Abrëll 2023. Dat geschitt ë.a. iwwer e sozial gestaffelte Steierkreditt, deen de Kafkraaftverloscht esouguer fir vill Leit iwwerkompenséiert.
Op wéi eng Zuelen huet d'Regierung sech baséiert?
D’Regierung huet sech op d’Zuele vum Statec baséiert. De Statec ass eist nationaalt Institut fir Statistiken zu Lëtzebuerg. Hien ënnerläit dem Wirtschaftsministère, mä ass wëssenschaftlech onofhängeg an neutral.
Wie kritt säi Kafkraaftverloscht kompenséiert?
Salariéen, Pensionnären a Fräischaffend mat engem Akommes vun héchstens 100.000 Euro d’Joer kréien en degressiven Steierkredit, dee bei héchstens 84 Euro de Mount läit. De Steierkredit ass steierfräi a gëtt wärend de Méint ausbezuelt, an deenen Indextranche nohanne geréckelt gëtt.

Stéit mat klengem a mëttlerem Akommes, kréien hire Kafkraaftverloscht iwwerkompenséiert.

Och d’Studente leiden ënnert den héijen Energiepräisser. Dofir ginn och d’Studiebäihëllefen erhéicht.

Déi Leit, déi de REVIS kréien, wäerten en equivalente crédit impôt vu 84 Euro de Mount kréien, fir hire Kafkraaftverloscht ze kompenséieren.

Zanter dem 13. Abrëll sinn den Diesel an de Bensinn op der Tankstell 7,5 Cent méi bëlleg.

Och den Diesel, dee kommerziell oder industriell genotzt gëtt, wäert ëm 7,5 Cent méi bëlleg ginn. Mä do muss d'Chamber nach de Gesetzprojet stëmmen. Dat selwecht gëllt fir den Heizungs-Masutt.

Dës Moossnam gëllt bis Enn Juli, fir den Heizungsmasutt esouguer bis d'Enn vum Joer.
Wie profitéiert vum Steierkredit a wéi gëtt e gerechent?
Wann eng Indextranche muss no hanne verréckelt ginn, da gëtt d’Kafkraaft no soziale Krittären duerch e Steierkredit kompenséiert. Salariéen, Pensionnären an Independanten mat engem Joresakommes vun:
  • tëschent 936 a 44.000 Euro, kréien e Steierkredit vu 84 Euro de Mount.
  • tëschent 44.001 an 68.000 Euro, kréien e Steierkredit vun op mannst 76 Euro de Mount.
  • tëschent 68.000 an 100.000 Euro profitéiere vun engem Steierkredit, deen degressiv erofgeet a bei 0 Euro ab engem Joresakommes vun iwwer 100.000 Euro läit.
Wéini kréien d’Leit déi Suen ausbezuelt?
D’Mesuren trieden a Kraaft, esoubal d’Texter vun der Chamber ugeholl sinn. Am Moment gëtt intensiv dorunner geschafft, déi Gesetzer esou séier wéi méiglech op de Wee ze bréngen. De Steierkredit gëtt vumAugust un ausbezuelt, wou d‘Indextranche hätt solle ufalen.
Wéi eng Mesurë sinn um Energiedësch verhandelt ginn?
Virun der Tripartite hat d’Regierung schonns no engem Energiedësch Hëllefen decidéiert. Dat war virop déi sozial selektiv Energieprimm fir Stéit, déi en Urecht op d’Allocation de vie chère (AVC) hunn. Dës Primm variéiert tëschent 200 a 400 Euro jee no Gréisst vum Stot, an dat nodeems d’AVC dëst Joer schonns ëm op d’mannst 200 Euro erhéicht ginn ass. Vun dëser Energieprimm kënnen awer och déi Menagë profitéieren, deenen hire Revenu 25% iwwer dem eligibele Montant vun der AVC läit.

Donieft gouf decidéiert, datt d'Netzkäschte fir Haushalter, déi mat Gas hëtzen op 0€ gesat ginn. Doduerch wäert en Duerchschnëttshaushalt bis zu 500 Euro aspuere kënnen.

Wat de Präis vum Elektreschen ugeet, gouf festgehalen, datt dee Präis stabiliséiert oder esouguer erofgesat gëtt, andeems de Staat seng Kontributioun zum mécanisme de compensation renouvelable/cogénération wäert däitlech erhéijen.

Um Energiedësch goufen am ganze 75 Milliounen Euro deblockéiert, fir d'Stéit z'entlaaschten.
Gëtt d’Indexéierung vum Kannergeld och verréckelt?
Neen! D’Kannergeld gëtt weider normal indexéiert.
Gëtt och eppes géint déi héich Logementspräisser gemaach?
Jo! Et gouf decidéiert, datt d’Loyere bis den 31. Dezember agefruer ginn. Dat heescht, datt de Propriétaire vun engem Logement, de Loyer an deem Zäitraum net erhéijen dierf.

Donieft gëtt d’Subvention de loyer adaptéiert, fir datt méi Leit dovunner kënne profitéieren. D’Subventioune ginn och erhéicht an de Maximum fir Famillje mat ville Kanner gëtt och no uewen ugepasst.

Fir datt méi Leit vun der PRIMe House profitéiere kënnen, gëtt dëse Regimm och adaptéiert. Fir Leit mat engem klengen Akommes, iwwerhëlt de Staat d’Rechnung fir hir Renovatioun, esou datt d’Suen net méi musse virgestreckt ginn. Donieft gëtt en top-up social bei der PRIMe House agefouert, esou datt méi Leit dovunner profitéiere kënnen an de Maximum vun der Primm gëtt och erhéicht.
Wéi e budgetären Impakt huet den Tripartite-Accord?
De Solidaritéitspak kascht de Staat ronn 830 Milliounen, fir de Verloscht vun der Kafkraaft vun de Leit ze kompenséieren a fir de Betriber ze hëllefen. Dozou kommen nach Staatsgarantie fir Prête vun am ganze 500 Milliounen Euro.
Wéi gëtt de Betriber gehollef?
Duerch de Stabilitéitspak goufe folgend Hëllefen agefouert:
  • Régime d’aides sous forme de garantie: Esou kënne Betriber mat Liquiditéitsproblemer méi einfach e Bankkredit kréien. De Staat iwwerhëlt eng Garantie vu bis zu 90% vum Prêt. 500 Millioune sti fir dës Hëllef zur Verfügung.
  • Régime d’aide visant à compenser une partie des surcoûts liés à la hausse des prix de l’électricité et du gaz: Dës Hëllef soll deene Betriber hëllefen, déi vill Energie brauche fir ze produzéieren an deenen hir Käschte wéinst den Energiepräisser enorm gestige sinn.
  • Régime d’aides visant à compenser une partie des surcoûts liés à la hausse des prix de l’énergie, des engrais et des intrants: Dës Hëllef vun héchstens 30.000 Euro pro Betrib hëlleft de landwirtschaftleche Betriber, déi och staark vun der Kris betraff sinn.
  • Régime d’aide visant à compenser les surcoûts liés au système d’échange de quotas d’émission de gaz à effet de serre (ETS) pour la période 2021-2030: Dës Hëllef iwwerhëlt en Deel vun de Käschte vun de Betriber, déi mam ETS-System schaffen. Als Géigeleeschtung mussen dës Betriber awer Engagementer maachen, fir an d’Energietransitioun z’investéieren.
  • Donieft kréien d’PMEe gehollef fir méi energieeffizient a klimaneutral ze schaffen. Dofir gëtt e Pacte climat pour les entreprises an en neien Hëllefsprogramm Fit4Sustainibility geschaf.

Hues du eng Fro zum Solidaritéitspak?